| Archive radio |
||||||||||||
|
|
||||||||||||
Déi eischt Prisongssendung gouf et bei RadAU Letzebuerg,engem Piratesender. Nodeems ech e Bréif aus dem Schrasseger Prisong kruut mat engem Musekswonsch, hun ech zereckgeschriwen an nogefroot, ob et net eng gutt Idee wier, vir emol am Prisong ronderem ze froen vir méi Musekswensch an Gréiss ze sammelen, da kéint éen eng ganz Radiossendung just fir Menschen am Prisong, hir Frenn, Bekannten an d'Famill heibaussen maachen. D'Prisongsendung "iwwert d'Maueren ewech" war gebuer: et war Ufank 1990. E puer Meint duerno, ass souzesoen duerch des Radiosendung, d'asbl Info Prison gegrennt gin an huet bis Enn 2007 bestaanen. Fir d'eischt, e Blèck zereck an Zait vun den Piratensender zu Letzebuerg ... De Viirgänger vum Radio ARA haat eng beweechte Geschicht..... j.s.
Hei dén eischte Bréif aus dem Prisong, dén derzou gefouert huet, datt et haut eng "Prisongssendung" um Radio ARA gett.
E puer Bréiwer gungen hin an hier, ........
De 5 Januar 1990 war et dun esouwait: "Iwwert d'Maueren ewech" war lanceiert.
Déi eischt Reaktiounen ......
Eng régelméisseg Radiosendung an Zesummenaarbecht matt Inhafteierten ass net ouni Reaktioun vu Saiten vun der Prisongsdirektioun bliwen, zemools wou d'Prisongssendung souzesoen Gebuertshelfer vun der asbl INFO PRISON war, déi den 24.12.1990 gegrënnt gouf. No engem Joer Prisongssendung, an engem Mount no der Grennung vun Info Prison, gouf et den Inhafteierten verbueden un de RadAU ze schreiwen. Dé Verbued ass op verschidden Manéieren emgaange gin, an konnt de Kontakt vun den Inhaftéierten zum Radio net ennerbriechen.
Nodeems d'Radioslandschaft liberaliséiert war, d'Piratesender all der Vergaangenheet ugeheiert hun, kruut den Radio ARA eng Sendegenehmegung.
Den 6ten Dezember 1992 goung den Radio ARA op Sendung. Vun Ufank un derbai war d'Prisongssendung.
Merci och, an gär geschitt. j.s.
|
||